Challenger Turnéier am KongoTennismatch wéinst Schëss nieft dem Terrain ënnerbrach

RTL Lëtzebuerg
Béid Spiller an den Arbitter ware séier vum Terrain gelaf. Grond fir dësen Tëschefall soll een Asaz vum Militär gewiescht sinn.
© AFP

An der kongoleesescher Stad Brazzaville leeft aktuell den internationalen Challenger Turnéier am Tennis, bei deem fir Supporter vum Tennissport och deen een oder anere bekannten Numm vertrueden ass. En Dënschdeg ass et hei allerdéngs zu engem aussergewéinlechen Tëschefall komm. Wéi op Videoen an de soziale Medien ze gesinn ass, war wärend dem Match tëscht dem Guy den Ouden an dem Ivan Denisov op eemol Damp nieft dem Terrain ze gesinn. Doropshi sinn och Schëss gefall an d’Spiller hu sech séier op de Wee an d’Vestiairë gemaach.

No ronn 15 Minutte war et nees roueg an den Damp vum Tréinegas verzunn. De Match gouf doropshin weidergespillt. Den Aussoe vun de Spiller op der Plaz no soll et sech bei deem Tëschefall ëm eng Übung vum kongoleesesche Militär gehandelt hunn. Firwat dat grad nieft dem Tennistournoi gemaach gouf, ass net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO