FuttballTestmatch e Sonndeg géint Madagaskar

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi éischte Kéier, datt d'FLF-Formatioun géint d'Ekipp aus Afrika spillt. Fir de Mario Mutsch wäert et déi 101. Selektioun sinn - seng lescht.
De Mario Mutsch
De Mario Mutsch
© Roland Miny

E Sonndeg den Owend gëtt et eng Première fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp. D’Rout Léiwe spillen an engem Frëndschaftslännermatch um 19 Auer am Stade Josy Barthel géint Madagaskar. Och wann d’Ekipp aus Afrika exotesch klengt, däerf een de Géigner, mat hire Starspiller Jérémy Morel an Thomas Fontaine vun Olympique Lyon respektiv vu Reims, all Kéier aus der franséischer Ligue 1, net ënnerschätzen - där Meenung ass och de Lëtzebuerger Profi vu Karlsruhe, Dirk Carlson.

Den Dirk Carlson

Den Testmatch e Sonndeg géint Madagaskar gëtt geholl, fir déi zwou Auswäertspartien an der Europameeschterschaftsqualifikatioun de Freideg 7. Juni a Litauen, an de Méindeg 10. Juni an der Ukrain ze preparéieren.

De Match Lëtzebuerg-Madagaskar ass dee leschten Optrëtt vum Rekordnationalspiller Mario Mutsch. Hie kënnt dann op 101 Selektiounen.

RTL Radio Lëtzebuerg ass e Sonndeg den Owend live am Stade Josy Barthel dobäi. D’Partie gëtt och live op RTL.lu an op der App iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO