
Den Dominic Thiem huet bei den ATP Finals zu London de fënneffache Gewënner vun dësem Tournoi, den Novak Djokovic an 3 Sätz bezwongen an domat wéi schonn zejoert d’Finall erreecht.
Virun engem Joer war den Éisträicher an der Finall dem Griich Stefanos Tsitsipas ënnerleeën, dëst Joer ass de 27-järegen no enger enorm spannender Partie géint den “Djoker” nees ënnert de beschten 2. Den Thiem hat am Summer well d’US Open gewonnen.
Den Dominic Thiem kritt et an der Finall vun den ATP-Finals mam Daniil Medvedev ze dinn. Hie konnt sech e Samschdeg den Owend géint de Rafael Nadal behaapten.