
Wéi et op der Säit vun der FLBB en Donneschdeg heescht, wäert de WM-Qualifikatiounsmatch auswäerts géint Norwegen de leschte Match an der Karriär vum 29 Joer ale Spiller vum Basket Esch sinn. Verletzungssuergen an e verännert privat Ëmfeld hunn de fréiere Profi, dee jorelaang zu Tréier aktiv war, zu dëser Entscheedung beweegt.
D’Lëtzebuerger Häre spillen den 20. Februar géint Norwegen a mussen do gewannen, fir eng Chance op den nächsten Tour vun der Qualifikatioun ze hunn.