EM-QualifikatiounTierkei klappt Frankräich mat 2:0, Däitschland an Italien wannen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems iwwerrennt Russland San Marino mat 9:0 an den Aleksandre Karapetian ka mat sengem Gol zu der 3:0 Victoire vun Armenien bäidroen.

E Samschdeg stoungen déi nächst Matcher vun der Qualifikatioun fir d’EM 2020 um Programm.

Grupp C

Wäissrussland - Däitschland 0:2
0:1 Sané (13'), 0:2 Reus (62')

D’Rolle ware vun Ufank u kloer verdeelt. Däitschland wëll a muss sech déi dräi Punkte géint Wäissrussland sécheren, fir weider Selbstbewosstsinn ze tanken. Fréi ass dat dann och ëmgesat ginn a sou war et de Leroy Sané, deen no 13. Minutt den éischte Gol schéisse konnt. Bis zum Säitewiessel huet sech um Resultat näischt méi geännert, och well Däitschland sou gutt wéi keng offensiv Aktioune vun den Haushären zougelooss huet. No der Paus huet de Marco Reus dann de Match sou gutt wéi entscheet. No enger Flank vum Matthias Ginter kënnt de Ball mat e bësse Gléck bei de Reus, deen op 2:0 erhéije kann. Bei deem Resultat sollt et dann och bis zum Schluss bleiwen.

Estland - Nordirland 1:2
1:0 Vassiljev (25'), 1:1 Washington (77'), 1:2 Magennis (80')

Grupp E

Kroatien - Wales 2:1
1:0 Lawrence (17'), 2:0 Perisic (48'), 2:1 Brooks (77')

Aserbaidschan - Ungarn 1:3
0:1 Orban (18'), 0:2 Orban (53'), 1:2 Madatov (70'), 1:3 Holman (71')

Grupp H

Tierkei - Frankräich 2:0
1:0 Ayhan (30'), 2:0 Ünder (40')

Eng Iwwerraschung ass et um Samschdeg zu Istanbul ginn. An der 30. Minutt war et de Kaan Ayhan, deen no Virlag vum Demiral den éischte Gol fir d’Tierkei schéisse konnt. Ma Frankräich konnt dorop net direkt eng Äntwert fannen a sou war et den Cengiz Ünder, deen 10 Minutten drop op 2:0 erhéije konnt. Net onverdéngt ass et also mat engem Virsprong vun zwee Goler fir d’Tierkei an d’Vestiairë gaangen. Och nom Säitewiessel ass et dem aktuelle Weltmeeschter net gelongen ze reagéieren a sou geléngt der Tierkei eng 2:0 Victoire géint Frankräich.

Island - Albanien 1:0
1:0 Gudmundsson (22')

Moldawien - Andorra 1:0
1:0 Armas (8')

Grupp I

Russland - San Marino 9:0
1:0 Cevoli (25'), 2:0 Dzyuba (31'), 3:0 Kudryashov (36'), 4:0 Miranchuk (41'), 5:0 Dzyuba (74'), 6:0 Dzyuba (76'), 7:0 Smolov (77'), 8:0 Smolov (83'), 9:0 Dzyuba (88')

Belsch - Kasachstan 3:0
1:0 Mertens (11'), 2:0 Castagne (14'), 3:0 Lukaku (50')

Schottland - Zypern 2:1
1:0 Robertson (61'), 1:1 Kousoulos (87'), 2:1 Burke (89')

Grupp J

Griechenland - Italien 0:3
0:1 Barella (23'), 0:2 Insigne (30'), 0:3 Bonucci (33')

Spannend sollt de Match am Olympiastadion zu Athen net all ze laang ginn. Dat well d’Gäscht aus Italien de Match bannent 10 Minutten entscheet haten. Nom Barella an der 23. Minutt, dem Insigne an der 30. an dem Bonucci an der 33. Minutt louchen d’Favoritte mat 3:0 a Féierung. Déi sécher Féierung hu sech d’Italiener dann och net méi huele gelooss a gewanne sou och den 3. Match an der Grupp J.

Armenien - Liechtenstein 3:0
1:0 Ghazaryan (2'), 2:0 Karapetian (18'), 3:0 Barseghyan (90+1')

Finnland - Bosnien Herzegowina 2:0
1:0 Pukki (56'), 2:0 Pukki (68')

Back to Top
CIM LOGO