
Am Snowboardcross huet sech bei den Dammen d’Carole Krieps den Titel geséchert. Um Podium stoungen nach d’Jil Kaiser an d’Sandy Leporé. Bei den Häre war den Tom Thillen de Beschten. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Guy Michels an de Gilles Vaessen gefuer.
Am Parallelslalom huet sech d’Carole Krieps eng weider Kéier duerchgesat. Sëlwer a Bronz ware fir d’Jil Kaiser an d’Billie Arend. Bei den Häre war de Ben Kaiser de Beschten, dat virum Andy Anen an dem Tun Weber.