Basket-EM vun den DammenTitelverdeedeger Belsch spillt an der Finall géint Spuenien

RTL Lëtzebuerg
An der Finall vun der Europameeschterschaft am Basket bei den Damme spillen déi nämmlecht Länner géinteneen, wéi am Joer 2023.
© AFP

Den Titelverdeedeger Belsch spillt um Sonndeg 19:30 Auer géint Spuenien. D’Europameeschterschaft gouf insgesamt a véier Länner gespillt (Däitschland, Tschechien, Italien a Griichenland), déi entscheedend Match ginn a Griichenland gespillt.

D’Halleffinallen um Freideg waren enorm spannend. D’Belsch konnt sech 66:64 géint Italien duerchsetzen. Emol méi konnt d’Emma Meesseman mat 15 Punkten an 12 Rebounds iwwerzeegen. D’Spillerin gëllt als Favorittin, fir den MVP-Titel vun der Europameeschterschaft ze kréien.

Spuenien konnt sech mat 65:64 géint Frankräich behaapten. Déi 19 Joer jonk Awa Fam konnt hiert Talent mat 21 Punkten ënner Beweis stellen.

Lëtzebuerg hat d’Qualifikatioun knapp verpasst

D’Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp hat d’Qualifikatioun fir d’EM nëmme ganz knapp verpasst. Am Februar hat d’FLBB-Selektioun den entscheedende Match am Montenegro ze héich verluer an domat eng historesch Chance verpasst.

D’Gruppegéigner Montenegro a Schwäiz hunn op der Europameeschterschaft jeeweils hir dräi Matcher an der Gruppephas däitlech verluer.

Back to Top
CIM LOGO