
Bei den Damme gouf et eng gréisser Iwwerraschung. Hei war et d’Carole Hartmann vun Iechternach, déi sech am zweeten Tour géint déi jonk Mélisa Sadikovic huet misse geschloe ginn. D’Mélisa Sadikovic huet et um Enn awer net bis an d’Halleffinalle gepackt, dat duerch eng 3:4-Defaite géint d’Julie Poncin. Si kritt et an der Ronn vun de leschte Véier mat der Titelverdeedegerin Sarah de Nutte ze dinn. An der zweeter Halleffinall bei den Damme steet iwwerraschend d’Martine Simon, dat no enger 4:2-Victoire géint d’Sarah Meyer. Hir Géignerin ass d’Tessy Gonderinger.
D’Egle Tamasauskaite an d’Lena Grein konnten aus gesondheetleche Grënn net untrieden.