Ultratrail MëllerdallToni Veigas a Pia Von Keutz sti ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
Iwwer d'Distanz vun 111 Kilometer gouf et souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären en neie Streckerekord.
Toni Veigas a Pia Von Keutz sti beim Ultratrail Mëllerdall ganz uewen um Podium
Iwwer d’Distanz vun 111 Kilometer gouf et souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären en neie Streckerekord.

Beim Leopoard Ultratrail am Mëllerdall ginn d’Sportler an d’Sportlerinnen op 6 verschiddenen Distanzen un den Depart.

Den Ultratrail selwer geet iwwert eng Distanz vun 111 Kilometer. Bei den Häre konnt sech de Gewënner vum leschte Joer, de Lëtzebuerger Toni Veigas, och dëst Joer als Gewënner feiere loossen. Fir déi 111 Kilometer huet hien 10 Stonnen, 56 Minutten an 10 Sekonne gebraucht. Domat war hien am Verglach zu senger Victoire vun zejoert ganzer 22 Minutten a 45 Sekonne méi séier. De Podium komplettéieren de Boris Suselj (11:32:15) an de Carl Martens (11:36:27).

Bei den Dammen huet Pia Von Keutz den Ultratrail iwwer 111 km mat enger neier Rekordzäit vun 11 Stonne 54 Minutten a 7 Sekonne gewonnen. Mat dëser Zäit klasséiert sech déi däitsch Athleetin op der 4. Plaz am Klassement vun am ganze 27 Leefer, woubäi d’Pia von Keutz hei déi eenzeg Damm um Depart war.

D'Gewënnerin Pia Von Keutz
D’Gewënnerin Pia Von Keutz
© UTML

Iwwert déi laang Distanz vu 75 Kilometer gouf et bei den Dammen eng Victoire fir d’Lëtzebuergerin Susanne Loewen (08:24:24) virum Proca Tatiane (08:36:44). Bei den Häre setzt sech hei den Amerikaner Ben Pelleg (07:34:38) duerch. Mat um Podium stinn de Belsch Stephane Marchand (07:41:06) an de Lëtzebuerger Xing Xing Pan vum CSN Klierf (07:44:38).

Den Trail iwwer 35 Kilometer gouf vum Filippo Martini (02:54:29) virum Corentin Ducret (02:55:57) an dem Marc Holstein (03:09:51) gewonnen. Bei den Damme gouf et eng Victoire vun der Lëtzebuergerin Jil Gillen (03:19:57). Op d’Plazen 2 an 3 lafe Sanne Vinks aus Holland (03:28:50) an d’Juliane Außendorf aus Däitschland (03:48:20).

D’Shorty Distanz vun 21 Kilometer gouf vum Abraham Wirt, virum James Dunn an dem Daniel Reckinger gewonnen.

Beim Ultra-Shorty-Run iwwer 10 Kilometer waren 122 Leit mat um Depart. Gewonnen huet de Spuenier Manuel Garcia (01:01:23) virum Laure-Sophie Freitas (01:01:38), wat deemno och d’Damme-Course gewonnen huet, an dem Lëtzebuerger Thiery Kohn (01:04:30).

Déi komplett Resultater fannt Dir hei.

Den Iwwerbléck vun de Podiumen

Hären

LEOPARD UTML, ULTRATRAIL 111 KM
VEIGAS Toni (77) 10:54:07
SUSELJ Boris (95) 11:32:15
MARTENS Carl (40) 11:36:27

LEOPARD UTML, LONG TRAIL 75 KM
PELLEG Ben (7068) 7:34:38
MARCHAND Stéphane (7095) 7:01:56
PAN Xing Xing (7090) 7:44:38

LEOPARD UTML, TRAIL 35 KM
MARTINI Filippo (3404) 2:54:29
DUCRET Corentin (3372) 2:55:57
HOLSTEIN Marc (3110) 3:09:51

LEOPARD UTML, SHORTY 21 KM
WIRTZ Abraham (1190) 01:31:15
DUNN James (1426) 01:50:14
RECKINGER Daniel (1302) 01:41:11

LEOPARD UTML, SUPER-SHORTY 10 KM (U16)
SCHMIT Emile (2205) 01:04:51
WAGENER Ben (2202) 01:04:51
SCHMIT Pierre (2206) 01:04:51

De Gewënner Toni Veigas
De Gewënner Toni Veigas
© UTML

Dammen

LEOPARD UTML, ULTRATRAIL 111 KM
VON KEUTZ Pia (94) 11:54:10
THIRY Zoé (70) 15:37:55

LEOPARD UTML, LONG TRAIL 75 KM
LOEWEN Susanne (7125) 8:24:24
PROCA Tatiana (7154) 8:36:44
PHILTJENS Uchelly (7084) 8:58:35

LEOPARD UTML, TRAIL 35 KM
GILLEN Jil (3116) 3:19:57
VINKS Sanne (3151) 3:28:50
AUSSENDORF Juliane (3463) 3:48:20

LEOPARD UTML, SHORTY 21 KM
MEIER Anne (1438) 1:59:47
NEPPER Liz (1378) 1:59:53
FRANK Liz (1114) 2:17:56

Den Datum fir déi 10. Editioun vum Leopard Ultratrail Mëllerdall steet och scho fest: Rendez-vous ass e Samschdeg, den 12. September 2026.

Back to Top
CIM LOGO