ÄishockeyTornado Lëtzebuerg verléiert knapp géint Nîmes

RTL Lëtzebuerg
Mat 4:5 hu sech d'Lëtzebuerger am Playoff-Match géint Nîmes misste geschloe ginn. Den nächste Samschdeg ass de Retourmatch op der Kockelscheier.
© Val Wagner / RTL (Archiv)

Am Kader vun den Playoffs fir den Opstig an déi 2. franséisch Divisioun verléiert den Tornado knapps mat 5:4 zu Nîmes an behält sech domadder gutt Chancen, fir am Heemmatch den nächsten Samschdeg op der Kockelscheier géint Nîmes déi zweet Playoff Ronn z’erreechen. Den Tornado muss do dann mat mindestens 2 Goler Ënnerscheed gewannen. Ugepaff gëtt dëse Match den nächste Samschdeg um 19 Auer.

Back to Top
CIM LOGO