
Op der drëtter Etapp vum Tour Down Under gouf et eng Victoire fir den Australier Sam Welsford. De Coureur vun INEOS Grenadiers konnt sech am Massesprint virum Dän Tobias Lund Andresen an dem Neuseelänner Lewis Bauer behaapten. No 140,8 Kilometer Course tëscht Henley Beach an Nairne huet sech de Kevin Geniets an der selwechter Zäit als 73. klasséiert. De Luc Wirtgen ass mat engem Retard vu fënnef Minutten a fënnefandrësseg Sekonnen als 134. iwwer d’Arrivée gefuer. Am Generalklassement bléift de Jay Vine vun UAE Team Emirates - XRG den éischten, dat viru sengem Coequipier Jhonatan Navaez. De Kevin Geniets ass den 39. mat engem Retard vun zwou Minutten an 42 Sekonnen. De Luc Wirtgen ass den 131.
Déi véierten Etapp vum Tour Down Under gëtt wéinst der Gefor vu Bränn an der Géigend vu Willunga gekierzt. Doduerch fält de Willunga Hill, deen an der Vergaangenheet dacks fir Ännerungen am Klassement gesuergt huet, aus dem Programm. An Australien ass et am Moment extrem waarm an et ginn Temperature bis 43 Grad gemellt. Déi virlescht Etapp gëtt vun 176 op 131 Kilometer gekierzt a geet um Fouss vum Willunga Hill op en Enn.