FuttballTransfert Christopher Martins bei d’Young Boys vu Bern ass fix

RTL Lëtzebuerg
Wéi säin Ex-Veräin Olympique Lyon via Twitter matdeelt, wiesselt de Lëtzebuerger Nationalspiller bei d'Young Boys op Bern.
© BSC Young Boys

De Christopher Martins war d’lescht Saison vun Olympique Lyon op Troyes an d’Ligue 2 ausgeléint ginn.

De Mëttelfeldspiller, dee bis elo 37 Mol fir d’Rout Léiwe gespillt huet, géif mat de Young Boys an der neier Saison an der Qualifikatioun vun der Champions League spillen. De Veräin aus der Schwäizer Haaptstad war mat 20 Punkten Avance op den FC Basel, Champion ginn.

De Lëtzebuerger Nationalspiller wiesselt elo fir 2 Milliounen a fir 4 Joer an d’Schwäiz. Dobäi kënnen, je no Konditiounen, nach eng Kéier 500.000 Euro dobäi kommen, esou wéi 10 Prozent vun nächste Verkafswäert, sollt de Spiller nach eng Kéier transferéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO