Schwäizer JustizUklo géint fréier DFB-Fonktionären

RTL Lëtzebuerg
Déi Schwäizer Justiz huet an der Affär ëm d'Futtball-WM 2006 Uklo géint den Theo Zwanziger, de Wolfgang Niersbach an den Horst R. Schmidt erhuewen.

Dem Zwanziger an dem Schmidt grad wéi och dem fréiere FIFA-Generalsekretär Urs Lisi gëtt Bedruch virgehäit. Dem Niersbach gëtt Bäihëllef zum Bedruch reprochéiert, sou déi Schwäizer Justiz um Dënschdeg de Moien.

Konkret geet et ëm 6,7 Milliounen Euro, déi 2005 vum däitsche WM-Organisatiounscomité iwwert de Weltverband Fifa un de fréieren Adidas-Chef Louid-Dreyfus iwwerwise goufen. Genee dës Zomm war dräi Joer virdrun a Form vun enger Virleeschtung vum Beckenbauer, der zentraler Figur am Skandal, an dem Louis-Dreyfus un de fréiere Fifa-Fonktionär Mohamed bin Hammam iwwerwise ginn.

Als Grond fir d’Iwwerweisung un d’Fifa haten d’Organisateure vun der WM uginn, datt et Sue fir ee WM-Kulturprogramm wären.

Back to Top
CIM LOGO