Volleyball: Silver LeagueUngarn setzt sech kloer géint d'Färöer Inselen duerch

RTL Lëtzebuerg
Am Damme-Volleyball huet Ungarn am Gymnase vun der Coque 3:0 géint d'Färöer Insele gewonnen.
Volleyball: Silver League
Trotz senger klenger Awunnerzuel ,vu ronn 52.000, iwwerraschen d’Färöer Inselere egelméisseg mat exzellenten internationale Resultater am Sport.

Den éischte Saz goung mat 25:18 un d’Ungarinnen. Am 2. Set ass bei de Spillerinne vun de Färöer Inselen net vill gelaf. Si hunn dee Set mat 8:25 verluer. D’Ungarinnen hunn de Fouss net vum Gas geholl an den 3. Saz mat 25:10 gewonnen.

An der Golden League bei den Hären huet um Samschdeg Owend Tschechien mat 3:1 (25:22, 23:25, 25:15, 25:22) géint d’Ukrain gewonnen.

Resumé vum Match Tschechien - Ukrain
An der Golden League bei den Hären huet um Samschdeg Owend Tschechien mat 3:1 (25:22, 23:25, 25:15, 25:22) géint d’Ukrain gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO