Europa-League-AuslousungUnion Saint-Gilloise géint Ajax a Porto géint Roum

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Tirage vun der Kinneksklass war e Freideg och d'Auslousung vun der Europa League.
© AFP

D’nämmlecht wéi an der Champions League waren och schonn an der Europa League aacht Ekippe fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert. 16 Ekippe kämpfen an der Play-off-Ronn ëm déi lescht 8 Plazen an der Aachtelsfinall. Ënnert anerem muss do d’Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Anthony Moris géint Ajax Amsterdam spillen.

D’Matcher vun der Play-off-Ronn am Iwwerbléck

Twente Enschede - Bodo-Glimt

Fenerbahce Istanbul - RSC Anderlecht

Royale Union Saint-Gilloise - Ajax Amsterdam

PAOK - Steaua Bukarest

AZ Alkmaar - Galatasaray Istanbul

FC Mydtjylland - Real Sociedad

Ferencvaros - Viktoria Pilsen

FC Porto - AS Roum

D’Allersmatcher sinn den 13. Februar an d’Retourmatcher den 20. Februar.

Donieft steet och fest wéi de weidere Verlaf vum Tournoi ausgesäit.

© Screenshot

Back to Top
CIM LOGO