DoppingtestUS-Basketballspiller D.J. Cooper wuel "schwanger"

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Fra ass et wuel e Grond sech ze freeën, ma den D.J. Cooper wäert sech als Mann Froe gestallt hunn.
© Dilip Vishwanat / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Vu dass Männer jo bekanntlech net kënne schwanger ginn, war de Feeler séier fonnt. Hien hat bei engem Doppingtest gefuddelt an huet den Urin vu senger Frëndin ofginn.

Weder seng Frëndin, nach de Cooper woussten awer eppes vun der Schwangerschaft, wéi hie sech fir déi bosnesch Nationalekipp gemellt hat.

Dat Ganzt ass elo public ginn, well hie beim Test duerchgefall ass.

Kuerz virdrun huet de Cooper nach beim A.S. Monaco gespillt.

Back to Top
CIM LOGO