Damme-Futtball-WMUSA wannen 2:1 géint Frankräich

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg den Owend war et de Match vun den USA géint Frankräich an der Hëtzt zu Paräis.

D’Megan Rapinoe huet an der 5. Minutt den 1:0 geschoss no engem Fräistouss.

An der 2. Halschent wiert sech Frankräich méi géint déi bis dohinner dominéierend Amerikanerinnen. Ma an der 65. Minutt schéissen d’USA den 2:0.

Réischt an der 81. Minutt ass et d’Wendie Renard, wat den Match nach eng Kéier spannend gemaach huet mat engem Gol fir Frankräich. Ma et sollt net duergoen.

D’USA stinn der Halleffinall géint England.

En Donneschdeg den Owend hat sech England souverän mat 3:0 géint Norwegen duerchgesat.

E Samschdeg decidéiert sech dann, wéi eng Ekippen et an déi zweet Halleffinall packen. Hei nach an der Course sinn Italien an Holland an Däitschland a Schweden.

Weidere Programm: Véierelsfinallen

Samschdeg, 29. Juni um 15h00: Italien-Holland

Samschdeg, 29. Juni um 18h30: Däitschland-Schweden

Back to Top
CIM LOGO