Budget läit bei 114 Milliounen EuroUstouss fir neie Sportzenter um Belval

RTL Lëtzebuerg
Um Belval am Parc war e Freideg de Mëtteg de symboleschen Ustouss fir deen neie Sportzenter.

Vum neie Sportzenter solle virop d’Schüler vun de Lycéeën an de Grondschoule ronderëm, awer och d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg profitéiere kënnen.

Geplangt ass ënner anerem eng grouss Multisporthal, déi agedeelt ka ginn, eng Piscine mat dräi 25-Meter-Basengen grad wéi Baussenterrainen.

D’Aarbechte solle viraussiichtlech 3 Joer daueren. De Budget läit bei 114 Milliounen Euro.

Biller vum Ustouss ginn et am nationalen Noriichteniwwerbléck

Nationalen Noriichteniwwerbléck vum 21. Mäerz 2025
Dat Wichtegst aus dem Grand-Duché am Iwwerbléck.

© Ken Fitzke / RTL

Back to Top
CIM LOGO