FLF-Quali-CampagneVahid Selimovic an Dan Da Mota am Kader fir d'EM 2020

RTL Lëtzebuerg
D'nächst Woch e Freideg fänkt d'Qualifikatiounscampagne fir d'Futtball-Europameeschterschaft 2020 fir d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe un.
© Jeff Kettenmeyer

Dat heiheem am Josy Barthel. 3 Deeg drop gëtt géint d’Ukrain gespillt.

Den Nationaltrainer Luc Holtz huet de Kader vun de 24 Spiller matgedeelt. De Vahid Selimovic ass am Kader, huet sech also decidéiert, fir Lëtzebuerg ze spillen. Dat géif säin éischte Match ginn.

FLF-Kader fir EM-Quali/Reportage Jeff Kettenmeyer

Den Dan Da Mota ass och derbäi, hien huet jo och déi lescht zwee Matcher fir de Racing nees gespillt.

De Maurice Deville gouf net selektionéiert, well hien zu Mannheim konstant spillt an do de Championnat wärend de Lännermatcher- Paus viru leeft. De Luc Holtz huet mat him geschwat an decidéiert, hien am Veräin ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO