Handball - Coupe d'EuropeVéier Ekippe bei den Hären an zwou bei den Dammen am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Handball war en Dënschdeg den Tirage an der Coupe d'Europe.
© AFP

Am 1. Tour an der EHF-Coupe bei den Häre kritt den HC Käerjeng et mam HC Tallin aus Estland ze dinn. Den HC Bierchem spillt géint den HC Fivers Margareten vu Wien aus Éisträich. D‘Matcher sinn de Weekend vum 9. respektiv vum 16. September.

Den Handball Esch steet direkt an der zweeter Ronn an do heescht de Géigner VIF vun de Färöer Inselen. D‘Red Boys musse géint IBV Vestmannaeyjar aus Island untrieden. Den zweeten Tour ass um Weekend vum 14. respektiv vum 21. Oktober.

Bei den Damme spillt den HB Diddeleng an der zweeter Ronn vun der EHF-Coupe géint ZRK Bjelovar aus Kroatien. Käerjeng kritt et mat Pylea Thessaloniki aus Griicheland ze dinn. Hei sinn d‘Partië fir d‘Weekender vum 23. a vum 30. September programméiert.

Back to Top
CIM LOGO