New Balance Kö MeileVera Hoffmann leeft neie Lëtzebuerger Rekord

Steven Milbert
Bei der New Balance Kö Meile zu Düsseldorf, enger Stroossecourse iwwer 1.609 Meter, huet d’Vera Hoffmann eng nei national Beschtleeschtung opgestallt.
© FLA - Facebook

D'Vera Hoffmann huet e Sonndeg bei der New Balance Kö Meile zu Düsseldorf op en Neits hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. An der Elite-Course iwwer d'Stroosse-Meil ass d'Lëtzebuergerin eng Zäit vu 4 Minutten, 34 Sekonnen a 67 Honnertstel gelaf an huet domadder en neien nationale Rekord opgestallt.

An engem staark besaten internationale Feld ass d'Hoffmann op déi 9. Plaz gelaf. Gläichzäiteg war si 13 Honnertstel méi séier ewéi déi viregt Lëtzebuerger Beschtleeschtung, déi d'Marine Joblin eréischt am Juni mat 4:34,80 Minutten opgestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO