
Rieds ass do vun engem Versoen op ganzer Linn. Villes wier komplett falsch ageschat ginn. Ënner anerem gëtt mam Fanger op den Inneminister gewisen. De Gérald Darmanin hätt falsch reagéiert an net déi richteg Analys gemaach. Och d’Police hätt falsch Decisioune geholl.
De Senat recommandéiert fir d’Zukunft ënner anerem Ticketen, déi ee manner séier ka fälschen, an eng besser Formatioun fir d’Stadion-Personal. Enn Mee ware beim grousse Futtball-Event 230 Leit verwonnt ginn. 100 Persoune goufe festgeholl.