Rugby: Six Nations TournoiWales an England setze sech duerch

RTL Lëtzebuerg
Am General ass Wales no 3 Spilldeeg un der Spëtzt, dëst mat engem Punkt virun England a 7 Punkte virun Irland.

Um Samschdeg konnt sech Wales mat 18:11 géint Schottland behaapten, wat gläichzäiteg och d’Féierung an der Tabell bedeite sollt.
Am zweete Match vum Samschdeg konnt sech England däitlech mat 57:14 géint Italien behaapten. Domat bleift Italien bis ewell ouni Punkt um Enn vun der Tabell hänken. England ka sech mat Wales uewen un der Tabell ofsetzen.

Back to Top
CIM LOGO