
Mat dësem Succès konnt Wales déi 5. Editioun vum Six-Nations gewannen. An der Partie géint Irland stoung et fir den Téi am Principality Stadium scho 16:0.
An den zweete 40. Minutte konnt Iralnd zwar punkten, gouf der Ekipp vu Wales awer net méi geféierlech. Deemno war d’Freed bei de Waliser grouss.

Am Stadio Olmpico zu Roum kruten d’Spectateuren eng flott Partie gebueden. De Match war relativ ausgeglach, mee d’Fransouse si mat engem 10:6 zu hire Gonschten an d’Paus gaangen.
Italien wollt doheem virum eegene Public awer net esou séier opginn an huet Frankräich gefuerdert. Um Enn konnt d’Ekipp ronderëm de Romain Ntamack mat 25:14 wannen.

Ee komplett geckege Match hunn d’Spectateuren am Twickenham Stadium erlieft. Nom 1. Duerchgang waren d’Englänner mat 31:7 vir.
Ma et ass Schottland awer an den zweete 40 Minutten dunn nach gelongen, fir dëse grousse Réckstand an ee Remis ëmzewandelen.

England kënnt um Enn vum Tournoi mat 18 Punkten op déi 2. Plaz, Schottland konnt, och wa si haut am 2. Duerchgang eng gutt Leeschtung gewisen hunn, nëmmen ee Match wannen, wat just fir eng 4. Plaz duergaangen ass.