
Um Sonndeg huet de Basket Esch sech kloer géint den T71 Diddeleng behaapt. D’Lokalekipp louch fréi am Match 10:0 a Féierung an ass mat enger 44:32-Féierung an d’Paus gaangen. Um Enn war et eng kloer 87:66-Victoire fir Esch, de Quinten Nelson konnt 27 Punkte markéieren, 17 Punkte goungen op de Kont vum Corentin Cornu. Beim T71 huet eng schwaach Worfquot vu 35 Prozent kee Comeback zougelooss.
Am Duell vun den Opsteiger setze sech e Samschdeg den Owend d’Kordall Steelers däitlech mat 101:89 géint de Racing Lëtzebuerg duerch. Obwuel d’Lokalekipp ouni de verletzte Profispiller Wood ugetrueden ass, huet ee schnell an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel 35:21 a Féierung. Dëse Virsprong konnt d’Lokalekipp bis zum Schluss geréieren, dat wéinst staarke Leeschtunge vum Jackson Sivillis (35 Punkten) an dem Robertas Jonaitis (34 Punkten, 17 Rebounds). D’Gäscht hunn am leschte Véierel e Comeback probéiert, d’Worfquot war allerdéngs ze schwaach, ënner anerem huet de Racing just 55 Prozent vun der Fräiworflinn (22/40) getraff. Donieft hat de Profi Bivins mat Foulprobleemer ze kämpfen.
D’Résidence Walfer wënnt den Derby géint d’Amicale Steesel mat 83:70. Den Oliver Vujakovic (24 Punkten, 10 Rebounds) konnt mat enger staarker Leeschtung iwwerzeege wougéint d’Gäscht vu Steesel nëmmen 38 Prozent vun de Schëss getraff hunn.
D’Sparta Bartreng louch no engem Dräipunkteworf zur Paus vum Max Logelin mat 46:27 géint d’Etzella Ettelbréck a Féierung an et huet no enger klorer Victoire vun der Lokalekipp ausgesinn. D’Gäscht, déi mam Delph just ee Profispiller am Asaz haten, hunn sech allerdéngs staark zeréck gekämpft an de Match ass an enger spannender Schlussphas entscheet ginn. Um Enn setzt sech Bartreng mat 83:78 duerch. 34 Punkte goungen op de Kont vum Jarvis Williams.
D’Arantia Fiels wënnt en enke Match mat 87:77 géint den AB Conter. D’Gäscht hunn des Victoire trotz dem Ausfall vum Profispiller Williams gefeiert. Mat 26 Punkten hat de Kevon Godwin déi meeschte Punkten um perséinleche Kont bei der Arantia. D’Musel Pikes wanne mat 95:85 zu Mamer an hunn domat no 2 Matcher de Maximum vu 4 Punkten um Kont. De jonke Konan Oth huet 19 Punkte fir d’Gäscht markéiert.
Um Sonndeg huet sech de Basket Esch mat 83:61 géint d’Musel Pikes duerchgesat. D’Jovana Jaksic (23 Punkten) an d’Tatsiana Likhtarovich (21) hunn als Duo iwwerzeegt.
Um Samschdeg setzt sech den T71 Diddeleng auswäerts knapp mat 68:63 géint den AB Conter duerch a setzt domat en Zeechen, dass dës Saison definitiv mat der Ekipp aus dem Süden ze rechnen ass. D’Lauren Van Kleunen huet 21 Punkten fir d’Gäscht markéiert an och an der Schlussphas zwee wichteg Dräier getraff. D’Nationalspiller Svenia Nurenberg konnt 20 Punkten zur Victoire bäisteieren.
D’Amicale Steesel wënnt auswäerts mat 92:74 zu Wolz. D’Genevieve Ramos konnt an engem staarke Steeseler Kollektiv mat 30 Punkten eraus stiechen.