"De Geroch vum naasse Liedersak, vum Blutt, vum Schweess – dat ass eppes, dat bleift fir ëmmer", erënnert sech den Alain Tshinza. Säi Papp hat hien als klengt Kand heiansdo mat op den Training geholl. An engem klenge Keller zu Esch hat de Clément Tshinza deemools geboxt an ass an de 70er Joren zu enger vun de bekanntste Figuren am Lëtzebuerger Boxsport ginn. Vu senge 50 Victoiren, waren der 23 duerch e K.O. Beim legendäre "Rumble in the Jungle" 1974 zu Kinshasa, deen de Muhammad Ali géint de George Foreman gewonnen hat, stoung de Clément Tshinza quasi am Virprogramm am Ring – a konnt sech behaapten.
"Ech si mat all deene Fotoen opgewuess, mee et ass mir réischt méi spéit bewosst ginn, dass et exzeptionell ass. Net jiddereen huet déi Geleeënheet mat engem Muhammad Ali a Kontakt ze kommen, an all déi grouss Boxeren aus de 70er Joeren", erzielt de Realisateur Alain Tshinza. Also huet hie sech zum Zil gesat, d'Geschicht vu sengem Papp ze erzielen.
1971 ass de Clément Tshinza mat Ufank 20 op Lëtzebuerg komm an huet bis 1983 professionell geboxt. Dem Alain senge Recherchen no, war hie réischt deen zweete Boxer aus dem Kongo, deen an de Grand-Duché komm ass. Ronn eng Dose sinn nokomm. Et war eng Zäit, an där d'Boxmanageren hei am Land no neie spannende Boxer gesicht hunn, fir de Sport nees méi interessant ze maachen. An et huet geklappt. D'kongolesesch Boxeren hunn en neie Boom ausgeléist.
Am Documentaire "Boxing Stories" geet et ëm all déi Sportler, déi déi gëllen Zäit vum Lëtzebuerger Boxsport markéiert hunn. Ma och de Present an d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Boxzeen ginn am Film thematiséiert. Et si Liewensgeschichten, déi net ëmmer schéi sinn, mee déi Anerer vläicht inspiréiere kënnen, esou den Alain, deen iwwerrascht war, wéi douce a vulnerabel all déi staark Männer a Fraen dach sinn.
Mir hunn den Alain Tshinza bei der Avant-Première am CNA begleet a konnten d'Protagoniste kenneléieren. Méi Detailer gëtt et am Video-Reportage.