Vill Fans kënnen et net erwaarden, Däitschland ass prett, fir se all ze empfänken, mä wei gesäit et hei zu Lëtzebuerg aus? Feiere mir mat oder ass et ons Wurscht, well mer net dobäi sinn? Mir hunn et zwar an de Sticker-Album gepackt, mä dat war et och scho fir eis.
Wéi grouss ass den Interessi un der EM hei am Land, obwuel mir net dobäi sinn a wéi eng Fan-Artikele ginn eigentlech am meeschte verkaf? Dat gitt Dir am Reportage vum Philippe Dondelinger gewuer.
Hei fannt Dir den Dossier mat allen Artikelen zu der EM 2024.
