
Tëscht all de "Stan"-Länner läit warscheinlech dat Land, dat am wéinegste bekannt ass a gläichzäiteg och am schwéiersten ze schreiwen ass: Kirgisistan. Do ginn dëst Joer d'World Nomad Games" ofgehalen. Dëst Joer hëlt de Grand-Duché mat enger Athleetin deel: Anastasia Iampolskaia, déi zu Lëtzebuerg gebuer ass a sozial a kulturell Anthropologie am Master op der Uni Wien studéiert. Si wäert an der Disziplin "Toguz Korgool" deelhuelen, engem traditionell kirgisesche Strategie-Brietspill, an deem d'Spiller hir Steng tëschent klengen Ausschabungen hin an hier beweegen, an der Hoffnung, déi meescht Steng vun hirem Géigner ze gewannen.
D'Fro, déi déi meeschte Leit elo warscheinlech hunn: Wat sinn eigentlech d'World Nomad Games?
Fir Laien erkläert sinn et quasi déi Olympesch Spiller vun Zentralasien, ma amplaz vu Liichtathletik a Schwamme maachen d'Athleeten hei an traditionelle Sportaarte mat, wéi se vun den nomadesche Vëlker an der Regioun praktizéiert ginn.
An dëser Editioun wäert et 43 Disziplinne ginn, iwwer 4.000 Athleten an eng 90 Länner, déi deelhuelen. Eng vun de bekanntsten Disziplinnen ass Kok-Boru – eng Sportaart, déi u Polo erënnert a mat de stierflechen Iwwerreschter vun enger Gees gespillt gëtt. An der Disziplin begéine sech d'Géigner um Päerd a wrestlen dann ëm d'Victoire. Och traditionell Juegdmethode sinn als Disziplinnen derbäi, woubäi ënnert anerem Falleken an Hënn an den Asaz kommen.
Nei de World Nomad Games geet et allerdéngs net nëmmen ëm Sport, ma och ëm wëssenschaftlech a kulturell Disziplinnen. Dobäi gëtt dat logescht a strategescht Denke vun de Kandidate getest, genee wéi hir Memoire. Eng Lescht vun all den Disziplinne fannt Dir hei.
D'Spiller sinn e Sonndeg den 31. August am ausverkaafte Bishkek Arena Stadium a Kirgisistan lassgaangen, mat e puer vun de wichtegste Staatscheffen op der Welt ënnert de Visiteuren. De Shanghai Cooperation Organisation Sommet (SCO), deen och zu Bishkek ofgehale gouf, huet eng ganz Rei Staatscheffen ugezunn, dorënner de chineesesche President Xi Jinping, den indesche Premier Narendra Modi, den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan, genee wéi de russesche President Wladimir Putin.
Wéinst dem héije Besuch waren och d'Sécherheetsmesuren aussergewéinlech strikt. Der Anastasia Iampolskaia no hätt si aus credibele Sourcen héieren, datt de Buergermeeschter vu Bishkek seng Residenten informéiert hätt, d'Stad an där Zäit ze verloossen.
D'Anastasia Iampolskaia huet an der Bishkek Arena de Lëtzebuergesche Fändel gedroen an huet vun enger "surrealer" Experienz geschwat. Hir Entrée an de Stadion kënnt Dir Iech hei ukucken.
Der Anastasia Iampolskaia hiert Haaptuleies ass allerdéngs net, um héchsten Niveau vun Toguz Korgool mathalen ze kënnen. Villméi ass si interesséiert um anthropologeschen Impakt vun de World Nomad Games. Als Deel vun hirem Ofschloss ass si bei engem Ausfluch derbäi, an dëst Semester läit hire Fokus op der Anthropologie vum Sport.
"Si hunn eis gesot 'Mir wäerten net just d'World Nomad Games besichen, mir wäerten och deelhuelen", esou d'Studentin. Et huet och seng Virdeeler, als Participant ageschriwwen ze sinn. Si hunn Accès zu all Beräich an hunn direkte Kontakt mat Athleten an Organisateuren, wat et hinnen erméiglecht, d'Interviewe fir hir Fuerschung ze maachen.
D'Anastasia Iampolskaia ass Deel vun enger Grupp, déi den Impakt vun esou engem groussen Event op d'Spectateuren ënnersicht, a virun allem och op déi lokal Populatioun. D'kirgisesch Staatsagence fir Tourismus an Entwécklung erwaart sech méi wéi 100.000 Visiteuren iwwert déi sechs Deeg vum Event.
Hir Recherche ass awer net limitéiert op den Event selwer. Si sinn eng Woch éischter am Kirgisistan ukomm a sinn duerch d'Land gereest fir ethnographesch Daten ze sammelen, mat de Leit vum Land ze schwätzen an an d'Kultur anzetauchen, ier si un de Spiller deelhuelen.
"Mir hunn a Yurte gelieft an hu gesinn, wéi d'Leit Päerd gestrach hunn, fir d'Nomade-Liewen ze gesinn", erkläert d'Anastasia Iampolskaia. Si hunn och Kurut gemaach, een traditionelle Snack deen aus fermentéierter Mëllech besteet, déi passéiert gëtt an dann zu salzege Kéisbulle geformt gëtt, déi an der Sonn dréchne gelooss ginn.
Obwuel d'Leit am Land och haut net méi esou vill duerch d'Steppe reesen, maache Familljen am ländleche Beräich nach ëmmer d'Rees mat hirem Véi vun de méi niddreg geleeë Wisen an déi méi héich geleeë Wisen. Dobäi huele si Päerd, Schof, Geessen a Yaks mat an d'Bierger iwwer d'Summerméint.
D'ASBL Nomadic Games Luxembourg an hire President Mathieu Schiltz Stoos si ganz houfreg, datt d'Anastasia Iampolskaia Lëtzebuerg op de Spiller vertrëtt. "Et geet net just ëm de Sportsgeescht, ma och ëm diplomatescht Zesummesinn. Et sinn net just nomadesch Natiounen – mir waren all eng Kéier Nomaden. Et ass ee Wee, eis Presenz a Eurasien ze weisen, an et net just als Pufferzon tëscht China a Russland ze gesinn, duerch "Soft Power" an doduerch, datt mi eis kulturell Kraaft weisen", seet hien.
Fir d'Anastasia Iampolskaia sinn d'World Nomad Games och wäitaus méi wéi just d'Resultat vun engem Brietspill. Se sinn eng Geleeënheet, an eng Kultur anzedauchen, fir déi si Dausende Kilometer gereest ass, a se aus der Perspektiv vun engem Athlet ze gesinn.
Egal wéi: Als déi eenzeg Representantin vu Lëtzebuerg nieft Dausenden aneren Athleten aus aller Welt mat derbäi ze sinn ass een Erliefnes, dat d'Anastasia Iampolskaia esoubal net vergiesse wäert.