
No sengem éischter Succès en Donneschdeg huet de Marco Odermatt bei den Hären och e Samschdeg nees zu Wengen dominiéiert. De Schwäizer huet de Fransous Cyprien Sarrazin mat 0.59 Sekonnen an den Italiener Dominik Paris mat 1.92 Sekonnen hannert sech gelooss a sech domat d’Victoire geséchert.
E Schockmoment gouf et, wéi den Aleksander Ammodt Kildes kuerz virun der Arrivée an d’Fangnetz geflunn ass an no enger Behandlung vun e puer Minutte mam Helikopter d’Pist verlooss huet. Eng genau Diagnos läit de Moment nach net vir. Wéi e puer Medie melle soll hie sech bei senger Chute d’Been gebrach hunn.
Bei den Damme gouf et an der Descente am éisträicheschen Zauchensee eng Victoire fir d’Sofia Goggia. D’Italienerin stoung no hirem Duerchgang 0.10 Sekonne virum Stephanie Venier an 0.34 Sekonne virum Nicol Delago a kann domat déi zweet Weltcup-Victoire an dësem Wanter feieren.
Am Sprint vun den Hären iwwer 10 Kilometer huet de Vetle Sjåstad Christiansen zu Ruhpolding seng 5. Weltcup-Victoire gefeiert. Den Norweger huet sech kee Feeler beim Schéissen erlaabt an ass sou mat engem komfortabele Virsprong vu 16.9 Sekonnen op den Tommaso Giacomel aus Italien op d’Arrivée komm. Déi drëtt Plaz war mat engem Ecart vun 20.10 Sekonne fir den Norweger Tarjei Bø.
Beim Team-Schisprangen am polnesche Wisla huet sech e Samschdeg am Nomëtteg Slowenien mat 753,50 Punkte virun Éisträich (711 Pkt.) duerchgesat. Déi däitsch Ekipp ass op der Schanz am Numm vum Andreas Wellinger en neie Rekord gesprongen, huet sech um Enn awer misse mat 709 Punkte mat der drëtter Plaz zefridde ginn.