
Dänemark ass verdéngt Olympiagewënner am Handball bei de Männer. De Weltmeeschter gewënnt mat 39:26 géint Däitschland a séchert sech d’Goldmedail.
An der Finall war Däitschland de ganze Match iwwer ouni Chance. Viru 27.000 Spectateuren am Stade Pierre-Mauroy zu Lille hunn d’Däne vun Ufank un den Tempo an de Rhythmus diktéiert. An der Paus stoung et schonn 21:12 aus Siicht vun Dänemark.
Fir Dänemark ass d’Goldmedail d’Suite vu villen Titelen, déi een an de leschte Jore gesammelt huet: Olympiagewënner vun 2016, Zweete vun 2021 a Weltmeeschter vun 2019, 2021 an 2023.
An engem enke Match ëm Bronze huet sech e Sonndeg de Moie Spuenien mat 23:22 géint Slowenien duerchgesat.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller