
Bei der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin zu Are a Schweden konnt d’Wendy Holdener hiren Titel an der Kombinatioun verdeedegen. D’Schwäizerin loung no der Descente op der 5. Plaz a konnt am Slalom nach op déi éischte Plaz no vir fueren. Op déi zweete Plaz ass um Enn d’Slowakin Petra Vlhova gefuer. Si hat e Réckstand vun 3 Honnertstel. Um Podium stoung nach iwwerraschend d’Speed-Spezialistin Ragnhild Mowinckel aus Norwegen.
No der Descente loung d’Éisträicherin Ramona Siebenhofer a Féierung, si huet um Enn als 4. de Podium knapp verpasst.
Zu Are a Schweden gouf fir d’leschte Kéier een Titel an der Kombinatioun verdeelt.