
An der Europa League huet Hoffenheim doheem géint Tottenham verluer. D’Englänner ware fréi mat 2:0 a Féierung gaangen, dat no Goler vum Maddison an der 3. an dem Seon Heung-Min an der 22. Minutt. Hoffenheim koum nom Säitewiessel duerch de Stach no 68 Minutten zeréck, ma néng Minutte méi spéit huet den Heung-Min säi zweete Gol markéiert an den alen Ecart nach hiergestallt. No 88 Minutten huet de Mokwa Ntusu nees op 2:3 verkierzt, ma Hoffenheim koum awer net méi zeréck an d’Partie.
An enger vun den Owespartië war dann och nees de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris mat der Union Saint-Gilloise am Asaz. Doheem huet een d’Portugisen aus Braga empfaangen, déi schonn no 16 Minutte dofir gesuergt hunn, datt de Moris de Ball aus dem Gol huet missten huelen. Den El Ouazzani hat d’Féierung markéiert. D’Belsch hu bis zu der 50. Minutt gebraucht, fir den Ausgläich duerch den Ivanovic ze markéieren. 14 Minutte méi spéit huet dee selwechte Spiller dann d’Partie gedréint an op 2:1 fir Union gesat. Kuerz drop sinn innerhalb vun 3 Minutten den Carvalho vu Braga (79') an de Machida vun der Union (82') mat giel-rout an d’Dusch geschéckt ginn, esou datt d’Partie mat 10 géint 10 weidergoung. D’Fans vun der Heemekipp haten no 87 Minutten nees gefeiert, ma de VAR huet de Gol vum Niang wéinst Abseits net gëlle gelooss. Mat dësen 3 Punkte steet d’Union Saint-Gilloise elo am ieweschte Mëttelfeld vun der Tabell an huet d’Weiderkommen an d’Playoff-Ronn elo selwer am Grëff. En direkt Ausscheeden oder eng direkt Qualifikatioun fir d’Aachtelsfinalle sinn zwar theoretesch nach méiglech, ma datt dëst kann antreffen ass zimmlech onwarscheinlech.
An der Partie tëscht Manchester United an de Glasgow Rangers kruten d’Fans eng richteg spannend Schlussphas gebueden. Manchester hat schonn no 23 Minutte gejubelt, ma de Gol gouf wéinst engem Foul zeréckgeholl. No 52 Minutten dunn huet den Erikson vun de Rangers getraff, dat awer leider an den eegene Gol. D’Féierung vu Manchester sollt bis zu der 88. Minutt halen, dunn hat den Dessers nämlech fir d’Rangers ausgeglach. Ma hei war d’Freed just vu kuerzer Dauer, well grad emol véier Minutte méi spéit huet den Fernandes United nees a Féierung geschoss an domadder wichteg dräi Punkten am Kampf ëm déi direkt Quali fir d’Aachtelsfinalle geséchert. Iwwregens treffen d’Rangers am leschte Match op d’Union Saint-Gilloise. Béid Ekippen hunn aktuell 11 Punkten a wiere mat engem Gläichspill an der Playoffronn.
All d’Resultater am Iwwerbléck