
Déi 14. Victoire noenee gouf et fir de Champion Gréngewald Hueschtert. D’Gäscht setze sech géint d’Musel Pikes kloer mat 98:60 duerch. Mat 27 Punkten, 19 Rebounds a 14 Assists huet d’Alexus Johnson e weideren “Triple double” realiséiert, d’Amanda Cahill koum op 34 Punkte fir den ongeschloene Leader
.
Wichteg zwee Punkte gouf et fir den AB Conter bei der 83:69-Victoire géint d’Amicale Steesel. An der Tabell huet Conter elo 3 Punkte Virsprong op de Konkurrent an huet domat gutt Kaarten, fir nom zweete Tour vun der Qualifikatioun an d’Halleffinall anzezéien. Conter huet sech mat engem staarken zweete Véierel ofgesat a sech net méi afänke gelooss. D’Brooke Walling koum op 31 Punkten fir d’Lokalekipp.
Wolz iwwerrascht Diddeleng a setzt sech mat 77:72 géint de Vize-Champion duerch. Dobäi huet d’Lokalekipp de Minimum vu 5 Spillerinnen agesat, dorënner d’Spillertrainerin Zoritsa Mitov. D’Lashalya Wright-Ponder war mat 32 Punkten net ze stoppen.
D’Hären ware schonn e Freideg am Asaz.