Championnat am Cross CountryYannick Lieners a Liz Weiler séchere sech de Championstitel

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war am Bambësch de Championnat am Cross Country, nodeems dëse virun zwou Woche wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ausgefall war.
Yannick Lieners a Liz Weiler séchere sech de Championstitel
E Samschdeg war am Bambësch de Championnat am Cross Country, nodeems dëse virun zwou Woche wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ausgefall war.

Well de Parcours vum Ellergronn an de Bambesch verluecht ginn ass, hu sech d’Coureure missen op en anere Parcours ëmstellen. Ënnert bloem Himmel huet sech de Yannick Lieners vum CS Bieles virum Christophe Kass an dem Pol Mellina duerchgesat.

Bei den Dammen gouf et eng Victoire vum Liz Weiler, déi sech virum Anny Wolter an dem Veronique Hansen behaapte konnt.

D'Resultater vum Cross-Country

Back to Top
CIM LOGO