
An der hollännescher Eredivisie huet den Yvandro Borges säin Debut fir den NEC Nijmegen ginn. Nodeems hie vu Borussia Mönchengladbach ausgeléint gouf, ass hien an der Partie géint Feyenoord an der 78. Minutt agewiesselt ginn an hëlt um Enn mat engem 2:2 ee Punkt aus dem Match fir seng Ekipp mat.
Fir de Mica Pinto sinn et e Sonndeg an Holland keng Minutten ze spille ginn. De Lëtzebuerger Defenseur war beim 0:0 vu Vitesse Arnheim géint den FC Utrecht de ganze Match op der Bänk.
An der türkescher Super Lig stoung den Gerson Rodrigues net am Kader. Seng Ekipp Sivasspor huet um Enn mat 0:2 géint Samsunspor de Kierzere gezunn.
Och den Alessio Curci stoung bei sengem Veräin an der zweethéchster belscher Spillklass net am Kader. Francs Borrain konnt sech um 17. Spilldag mat 5:1 zu Seraing duerchsetzen an domat wichteg Punkte géint en direkte Konkurrent aus dem ënneschten Deel vun der Tabell sammelen.
An der 1. däitscher Bundesliga stoung de Leandro Barreiro net vun Ufank un um Terrain. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 78. Minutt agewiesselt a konnt den 1:1 géint Wolfsburg bis zum Schluss iwwert d’Zäit bréngen.
Beim 1:1 géint den Opsteiger aus Heidenheim stoung de Mathias Olesen net am Kader. An der Tabell steet den 1. FC Köln domat weider punktgläich mat de Mainzer op der 17. Plaz.
Fir de Florian Bohnert gouf et zum Start an dat neit Joer e Succès mat Bastia. Bei der 2:0-Victoire géint Angers war hie fir déi 90 Minutten am Asaz.
Fir de Maxime Chanot ass et an der Ligue 2 dogéint net sou gutt gelaf. Trotz engem tëschenzäitleche Gol zum 1:1 Ausgläich gouf et um Enn eng 1:3-Defaite géint Troyes, bei där de Lëtzebuerger Defenseur de komplette Match um Terrain stoung.