Nationale FuttballZachary Hadji verléisst d'Fola

RTL Lëtzebuerg
Am Futtball verléiert d'Fola e weidere wichtege Spiller. De beschte Buteur vun der leschter Saison verléisst Lëtzebuerg an Direktioun Schwäiz.
© CS Fola Esch / Facebook

Den Zachary Hadji wiesselt vun der Fola Esch an déi zweet Schwäizer Divisioun bei Stade Lausanne.

De 24 Joer ale Fils vum Mustapha Hadji, fréiere Ballon d’Or an Afrika, hat d’lescht Saison 33 Goler an der BGL Ligue geschoss.

Back to Top
CIM LOGO