
E Samschdeg ass Esch Abol eng Iwwerraschung gelongen. D’Ekipp aus der Minettmetropol, déi bis dohin nach keng Victoire verbuche konnt, huet de Vizemeeschter Berbuerg bei engem 5:5 gehalen.
Och de Champion Hueschtert-Folscht ass net iwwer e Gläichspill (5:5) géint Lëntgen erauskomm. Lëntgen hat dofir seng nominell Nummer 2 Robin Saudemont am hënneschte Puer placéiert - eng Taktik, déi um Enn opgoe sollt.
Lénger bleift an dëser Saison ongeschloen a klappt Iechternach kloer 6:1. Och Recken huet den Opsteiger Fluessweiler mat 6:3 dominéiert.