
Domat verstäerke si d’Ekipp ronderëm de Philippe Saive, de Louis Gira an déi zwee Nowuesstalenter Gene Wantz a Sean Portelada. Den Thomas Keinath kënnt aus der 3. däitscher Bundesliga op Recken. De 44 Joer ale Keinath bréngt vill Erfarung mat a wäert och nach d’Trainerteam verstäerken.
De Matas Skucas wiesselt aus der däitscher Regionalliga eriwwer. Den 31 Joer ale Litauer hat do beim ASV Süchteln gespillt.
Weider ass et d’Nouvelle, datt déi komplett Trainerekipp och déi nächst Saison wäert am Asaz bleiwen, fir déi gutt Jugendaarbecht vum Veräin virunzeféieren.
Weider Informatiounen an Detailer fannt Dir am Communiqué vum DT Recken.