Tour duerch d'Belsch1. Profi-Victoire fir Remco Evenepoel, 8. Plaz fir den Alex Kirsch

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg stoung déi zweet Etapp vum Tour duerch d'Belsch um Programm. Et goung iwwer 180,8 Kilometer vu Knokke op Zottegem.
© pressphoto Archiv

D’Victoire goung un den eréischt 19 Joer ale Remco Evenepoel vun der Ekipp Deceuninck Quick Step. De Belsch wënnt d’Etapp en solitaire viru sengem Teamkomerod Fabio Jakobsen a viru sengem Landsmann Tim Merlier. Aus Lëtzebuerger Siicht kënnt den Alex Kirsch op déi gutt 8. Plaz, dat mat engem Retard vun 42 Sekonnen op de Gewënner.

Am General huet elo och de Remco van Evenepoel d’Féierung iwwerholl. Hei huet hien 51 Sekonnen Avance op de Fabio Jakobsen an den Tim Merlier. Hei ass den Alex Kirsch den 28. op 1 Minutt an 1 Sekonn.

Klassement vun der Etapp

1 Evenepoel Remco Deceuninck - Quick Step
2 Jakobsen Fabio Deceuninck - Quick Step 0:42
3 Merlier Tim Corendon - Circus ,,
4 Taminiaux Lionel Wallonie-Bruxelles ,,
5 Martinelli Davide Deceuninck - Quick Step ,,
6 Philipsen Jasper Belgium ,,
7 Van Asbroeck Tom Israel Cycling Academy ,,
8 Kirsch Alex Trek - Segafredo ,,
9 Coquard Bryan Vital Concept - B&B Hotels ,,
10 Serry Pieter Deceuninck - Quick Step ,,

General no der Etapp

1 Evenepoel Remco Deceuninck - Quick Step 5 8:41:03
2 Jakobsen Fabio Deceuninck - Quick Step 0:51
3 Merlier Tim Corendon - Circus ,,
4 Philipsen Jasper Belgium 0:57
5 Martinelli Davide Deceuninck - Quick Step 0:59
6 Van Asbroeck Tom Israel Cycling Academy 1:00
7 Wellens Tim Lotto Soudal ,,
8 Vliegen Loïc Wanty - Gobert Cycling Team ,,
9 Taminiaux Lionel Wallonie-Bruxelles 1:01
10 Coquard Bryan Vital Concept - B&B Hotels ,,

Back to Top
CIM LOGO