
De Lëtzebuerger Champion op der Strooss Arthur Kluckers ass bei der Elite am Zäitfueren am Asaz. Den Arno Wallenborn dogéint bei der Course op der Strooss. Et ass säin éischten Depart bei der Elite. Bei den Damme ginn déi Lëtzebuerger Faarwe vum Nina Berton am Zäitfuere vertrueden.
De Mil Morang an de Flavio Astolfi triede bei den Hären-Espoiren am Zäitfueren un. D'Liv Wenzel an d'Gwen Nothum sinn a béiden Disziplinne bei den Espoiren-Damme mat dobäi.
Bei de Junioren ass de Maximilien Outlet, souwuel am Zäitfuere wéi och op der Stroossecourse am Asaz, den Dave Clichy dogéint nëmmen am Contre-la-Montre. Komplettéiert gëtt déi Lëtzebuerger Delegatioun op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem vum Elena Lopes an dem June Nothum bei de Juniors-Dammen.