UCI Junior Track World Championships6. Plaz am Scratch fir de Maximilien Outlet

RTL Lëtzebuerg
Zu Zolder an der Belsch ass vum 19. bis den 23. August d'WM op der Pist vun de Junioren.
De Maximilien Outlet bei der Individual Pursuit.
De Maximilien Outlet zu Zolder bei der Individual Pursuit.
© Grand-Ducal Cycling Photography

Bei der Junior-Weltmeeschterschaft op der Pist zu Zolder an der Belsch ass de Maximilien Outlet zweemol an d'Topp 10 gefuer. Am Scratch ass de Maximilien Outlet e Mëttwoch schonn op déi 6. Plaz gefuer. An der Individual Pursuit huet de Lëtzebuerger et e Freideg op déi 8. Plaz gepackt, den Thibault Hansen ass de 35. ginn.

An der Omnium-Qualifikatioun e Samschdeg gouf et donieft eng staark 2. Plaz fir den Dave Cichy.

Och an der Team Pursuit hunn d'Lëtzebuerger Junioren eng gutt Leeschtung gewisen an et um Enn op Plaz 9 gepackt.

Back to Top
CIM LOGO