VëlossportAlex Kirsch geet bei der Vuelta un den Depart

Tom Flammang
No der Participatioun beim Tour de France steet fir den Alex Kirsch mat der Vuelta direkt den nächste Grand Tour um Programm.
Alexis Kirsch bei der Vuelta um Depart
Cofidis setzt op de Lëtzebuerger un der Säit vum Bryan Coquard an dem Alexis Renard.

Nom Tour de France steet fir den Alex Kirsch elo och nach den Tour duerch Spuenien um Programm. De 34 Joer ale Coureur huet déi néideg Erfarung, fir zwee grouss Tier an enger Saison ze fueren an hat selwer bei der Ekipp ugeklappt, fir dës Course kënne mat a säi Programm ze huelen. Dat mat wéi gewinnt verschiddenen Ziler.
 
Gären erënnert ee sech un d'Biller vun der leschter Etapp vum Tour de France zu Paräis. Den Alex Kirsch war um Circuit iwwer d’Champs Elysées an excellenter Form a wousst ze iwwerzeegen. De Lëtzebuerger Champion am Zäitfueren huet nom Tour de France gutt recuperéiert a seng Ekipp gefrot, fir kënnen d'Vuelta ze fueren.

An der Vuelta huet den dräifache Familljepapp plus-minus déi selwecht Aufgabe wéi am Tour de France, kritt awer warscheinlech selwer och e bësse méi Fräiheeten, fir sech an Zeen ze setzen.

D'Vuelta gëtt den 8. Groussen Tour an der Karriär vum Alex Kirsch.  Am Tour de France hat hien déi Echappéeën, déi och duerch komm sinn, nach verpasst. An der Vuelta komme lo nach e puer Etappen, wou dëst awer kéint klappen.

Back to Top
CIM LOGO