Nom Kevin Geniets a Luc Wirtgen beim Tour Down UnderAlex Kirsch start beim ALULA-Tour a Saudi-Arabien an d'Saison

Sam Rickal
En Dënschdeg stoung déi éischt Etapp iwwer 158 Kilometer um Programm.
© RTL-Archiv

Séierste war am Sprint de Jonathan Milan, dat knapp virum Milan Fretin. De belsche Sprinter ass de Co-Equipier vum Alex Kirsch. Duerch dës Victoire gëtt de Milan och den éischte Leader vum Generalklassement. De Kirsch koum mat engem Retard vu 35 Sekonnen op Plaz 67. Et war dem 33 Joer ale Lëtzebuerger seng éischte Course fir seng Ekipp Cofidis.

Beim ALULA-Tour sinn dëst Joer am Ganzen 5 Etappen ze fueren. No 800 Kilometer geet den Tour duerch Saudi-Arabien e Samschdeg op en Enn.

Wichteg Roll an en neien Challenge fir den Alex Kirsch
Fir dräi Joer huet de fréiere Lëtzebuerger Champion bei Cofidis, wou een eng nei Ekipp opbaue wëll, ënnerschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO