
Um Enn konnt sech de jonken Amerikaner Ashlin Barry duerchsetzen. De Barry, deen haut seng 19 Joer gefeiert huet, konnt sech als eenzegen aus enger Echappée, déi sech laang virun der Arrivée ofgesat hat, bis op en Enn un der Spëtzt halen. No 174,2 Kilometer war d'Sëlwermedail fir de Spuenier Héctor Alvarez. Den Norweger Jesper Stiansen gewënnt Bronze. De Barry, dee fir Developpement-Ekipp vu Visma Lease a Bike fiert, hat op der Arrivée eng Avance vun 53 Sekonnen op seng éischt Verfollger.
De Mil Morang konnt sech mat engem Retard vu 5 Minutten a 12 Sekonnen op der 50. Plaz klasséieren. Hie war am Ufank vun der Course aktiv a war Deel vun enger éischter gréisserer Echappée. De Flavio Astolfi ass d'Course net op en Enn gefuer.
"D'Course war wéi erwaart extrem haart. An d'Echappée ugangs de Course sinn ech e bëssen ongewollt eragerutscht. Am Fong war et e gudde Grupp an ech hu mer geduecht, datt et gutt wier, fir mäin eegene Rhythmus ze fueren an datt déi Staark méi spéit géifen opschléissen. Am Peloton ware se awer net zefridden a si sinn d'Lach zougefuer. De Flavio an ech sinn eng gutt Course gefuer, ech war ëmmer a gudder Positioun. An deene leschten Tier war ech awer iwwer de Bierg e bëssen a Schwieregkeeten an hunn am zweetleschten Tour misse lassloossen. Am Fong sinn ech mat menger Leeschtung zefridden, och wann d`Resultat hätt kéinte besser sinn."
De Freideg den Owend eiser Zäit steet nach d'Course vun de Juniorinnen um Programm. Hei si mam Elena Lopes an dem June Nothum zwou Lëtzebuergerinnen um Depart.