
No 47:26 Minutten ass d’Victoire bei der Dammen Elite un d’Hollännerin Aniek van Alphen gaangen. Si konnt sech mat engem Ecart vu 16 Sekonne virun der Fransousin Amandine Fouquenet duerchsetzen. Op déi drëtt Plaz ass d’Ceylin Del Carmen Alvarado aus Holland mat engem Retard vun 22 Sekonne komm.
D’Liv Wenzel, déi eenzeg Lëtzebuerger Coureuse, déi zu Flamanville un den Depart goung, ass mat engem Retard vu 4:40 Minutten op déi 34. Plaz gefuer. D’Marie Schreiber hat am Virfeld vun dëser e Manche op de Soziale Medie matgedeelt, datt si wéinst enger Muskel-Blessur am Been net fuere kéint.
Bei der Hären Elite huet sech den Thibau Nys no 1:03:01 Stonn d’Victoire geséchert, dat mat engem knappen Ecart vun dräi Sekonne virum Hollänner Lars van der Haar a fënnef Sekonne virum Britt Cameron Mason.