
Op der 10. Etapp vun der Vuelta gouf et eng Victoire am Sprint vum Bastien Tronchon. De Fransous konnt sech um Enn knapp virum Magnus Cort Nielsen an dem Thibau Nys duerchsetzen. Am General bleift alles onverännert. Leader ass weiderhin den Enric Mas.
De Lëtzebuerger Arthur Kluckers koum en Dënschdeg mat engem Retard vun 10 Minutten an 32 Sekonnen op déi 148. Plaz. De Mats Wenzel ass mat engem Retard vun 12 Minutten an 18 Sekonnen als 158. iwwer d'Arrivée gefuer. Am General ass de Wenzel den 117. op eng Stonn, 42 Minutten a 44 Sekonnen. De Kluckers ass den 159. op 2 Stonnen, 17 Minutten a 6 Sekonnen.
Vum Parcours hier war déi 10. Etapp vum Tuer duerch Spuenien éischter hiwweleg. Dräi Colle vun der 3. Kategorie an een Tëschesprint stoungen en Dënschdeg fir de Peloton um Programm. Fréi hat sech eng Echappée mat siwe Coureure forméiert. Dëse Grupp krut awer ni méi eng grouss Avance wéi ronn zwou an eng hallef Minutt. De Spëtzegrupp ronderëm de Leader am General Enric Mas huet den Tempo geréiert an an der Suite verschäerft.
De Virsprong op de leschte 40 Kilometer ass op nëmmen nach eng Minutt an 20 Sekonne gefall an an der Echappée hu verschidde Coureure misse lassloossen. De Peloton ass méi no erukomm an do raus wollte sech ëmmer rëm Verschiddener ofsetzen. An der Schlussphas goufen dës awer nach sou just agefaangen an du war et de Bastien Tronchon, dee sech konnt duerchsetzen. Hie wënnt um Enn virum Magnus Cort Nielsen an dem Thibau Nys.