Wéinst Corona-Fäll bei AG2RBen Gastauer fiert déi nächst 14 Deeg keng Courssen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger geet domadder ënnert anerem net un den Depart vun där leschter Etapp vum Tour du Limousin a start och net beim Championnat an der EM.

Nodeems den Amerikaner Larry Warbasse (AG2R-La Mondiale) positiv op de Covid-19 getest ginn ass (asymptomatesch), huet déi franséisch Ekipp decidéiert, 3 Coureuren e Freideg net méi un den Depart goen ze loossen (Ben Gastauer, Geoffrey Bouchard an Axel Domont).

De Ben Gastauer huet RTL géigeniwwer gesot, dass hien no Récksprooch mam Dokter vun der Ekipp AG2R an de Responsabele vum Team Lëtzebuerg aus Virsiichtsmoossnam decidéiert huet, an den nächste 14 Deeg keng Course ze fueren. Dat bedeit, dass hien e Sonndeg net un den Depart vum Championnat geet an och déi nächst Woch net bei der EM dobäi wäert sinn. De Ben Gastauer huet e Méindeg een Test gemaach, deen negativ ausgefall ass. E Samschdeg mécht hien nach ee weideren Test.

Déi franséisch Coureuren Domont, Bouchard a Champoussin si jiddefalls de Weekend net beim franséische Championnat um Depart.

LINK: Klickt hei fir weider Informatioune vun der Ekipp.

Back to Top
CIM LOGO