
"Zäit fir en neit Kapitel", esou ass e kuerze Statement vum Bob Jungels an de soziale Medien iwwerschriwwen. No 15 Joer ass um Enn vun dëser Saison fir de Vëlosprofi Schluss. De professionelle Cyclissem hätt hien zu deem gemaach, deen hien haut wier. Hie wier iwwerwältegt vu jidderengem, mat deem hien am Laf vun de leschte Jore konnt zesummeschaffen a vun alle Fans, déi hien op all Kilometer vun deem Wee ënnerstëtzt hätten.
De Bob Jungels kritt nächste Mount 34 Joer an hat säin éischte Profikontrakt 2012 bei der Kontinental-Ekipp vu Leopard Trek, ier hien d'Joer drop bei d'UCI-Ekipp vun Trek gewiesselt ass. Zu senge gréisste Victoirë gehéiert sécherlech déi vum Ardenne-Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck 2018. D'Joer virdru konnt hien och eng Etapp am Giro d'Italia an 2022 eng am Tour de France gewannen, no laanger Echappée zu Châtel an den Alpen.
E Mëttwoch geet de Bob Jungels iwwregens un den Depart vum Renewi-Tour an der Belsch, dee bis e Sonndeg geet. Och de Kevin Geniets ass do mat derbäi.