
An der Belsch ass et e Sonndeg bei den Dammen iwwert eng Distanz vun 131,9 Kilometer vun Eernegem op Ichtegem gaangen.
D’Christine Majerus huet d’Course „Omloop van de Westhoek - Memorial Stive Vermaut“ an der Belsch gewonnen. E Grupp vu 17 Damme konnt sech ofsetzen, mat ënnert anerem eben dem Christine Majerus. De Spëtzegrupp ass tëschenzäitlech op 8 Leit geschmolt. Ronn 15 km virum Zil koum et dunn zur Attack vun der Lëtzebuergerin mat hirer Coequipière Amy Pieters. Um Enn ass d‘Christine Majerus no 132 Kilometer als Éischt iwwer d‘Arrivée gefuer. Drëtt gouf d’Thalita De Jong (Bingoal Casino) mat engem Retard vun 2 Minutten an 28 Sekonnen.
D’Claire Faber konnt sech op der 33. Plaz klasséieren.
D’Maïté Barthels an d‘Nina Berton, déi genee wéi d‘Claire Faber fir d‘Ekipp Andy Schleck - CP NVEST - Immo Losch fueren, sinn d’Course net fäerdeg gefuer.