Skoda TDL: 1. EtappChristophe Laporte wënnt an engem turbulente Sprint

RTL Lëtzebuerg
De Fransous, dee schonns de Prolog gewanne konnt, konnt sech och en Donneschdeg op der 1. Etapp duerchsetzen.

Do gouf et am Schlusssprint allerdéngs nach eng elle Chute, wou de Justin Jules mam Laporte uneneegeroden ass a gefall ass. Hien ass ouni Vëlo an d’Zil gefall an ass uschléissend leiebliwwen. Hien huet misse mat der Ambulanz oftransportéiert ginn.

© Henri Schwirtz

Déi drëtt Plaz war fir den Eduard-Michael Grosu. De Kevin Geniets ass als 15. als beschte Lëtzebuerger iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer, dat an der nämmlechter Zäit ewéi de Gewënner, genau wéi de Ken Conter als 17., de Jan Petelin als 26., de Gaëtan Pons als 38., de Pit Leyder als 41., den Tiago da Silva als 44., den Tom Wirtgen als 55., de Raphael Kockelmann als 79., den Tom Thill als 81., den Tim Diederich als 93. an de Maxime Weyrich op der 105. Plaz. De Gilles Kirsch verléiert als eenzege Lëtzebuerger Zäit, hie kënnt op déi 106. Plaz mat engem Retard vu 45 Sekonnen. De Cédric Pries huet opginn.

Am General läit de Christophe Laporte also weiderhin un der Spëtzt an huet elo 11 Sekonnen Avance op de Marcel Meisen an de Piet Allegaert. Beschte Lëtzebuerger ass hei de Kevin Geniets op 16 Sekonnen. Hie läit op der 8. Plaz.

PDF: Dat komplett Resultat vun der 1. Etapp an de komplette General

Back to Top
CIM LOGO